DISCOTEAM RX7 spillt regelméisseg ob Privat Partien an Gebuertsdeeg. Eis Equipe huet Joere laang Erfarung an dësem Beräich. Mir passen eis ëmmer dem Client un, an dofir bidden mir eisen Clienten ëmmer un een Rendez-vous mat eis auszemaachen, fir dann déi genau Infoen ze diskutéieren dass et eng gelonge Party / Gebuertsdag gett.
Eng Hochzäit ass ëmmer een vun den wichtegsten Evenementer an sengem Liewen. Dofir ass et och wichteg, een DJ vu Vertrauen ze hun. Mir maachen schonn säit iwwert 10 Joër Hochzäiten. Mir passen eis ëmmer dem Client un wat Musek, Luuchten an Stëmmung ungeet.
Bühnentechnik maachen mir lo schonn iwwert 5 Joer an Zesummenaarbecht mat eisem Tountechniker. Well DISCOTEAM net den idealen Numm dofir ass, hunn mir een Projet gestart den Audiosphere heescht. Dëst baséiert ob enger professioneller Base mat erfuerene Léit an dem Beräich.
Dir hutt e groussen Event, Konferenz oder eng Firmenféier an dir braucht eng Anlag mat Beliichtung? Dann sidd dir bei eis genau richteg. Puer Beispiller: Personalfeier Gemeng Esch, Swisslife ob der Marie-Astrid, Mediation, Caceis, etc…
DISCOTEAM RX7 spillt regelméissig ob Baler. Ob een klengen oder grousse Bal, mat eisen DJ’s kent ëmmer eng gutt Stëmmung ob. Mir bidden och fir Baler, eist héicht professionnellt Karaoke System un. Pur Beispiller vun Baler: Fräeschbal, Kiermes Bal zu Maarnech, CheapCheap Bal, Guckucks Bal Reloaded etc…
Dir hutt ären DJ! Mee de Problem ass, dass dir Material braucht?
Mir DISCOTEAM RX7, verléinen och nëmmen Material, egal ob nëmmen Luuchten, Anlag oder alles zesummen. Gréisst spillt keng Roll, mir hunn dat passend Material dofir.